Ëcologesch Gestioun vum Offall an der Landwirtschaft mat der SuperDrecksKëscht

Laang war et an der Landwirtschaft nach méiglech, wäitgoend zoue Kreesleef z‘erhalen an Offäll am Betrib ze miniméieren. Awer och hei sinn de Konschtstoff an d’Verpakunge ukomm a bei der Instandhalung vu Gebaier a Maschinne fale Produkter wéi Almetaller, Elektrodeeler, Liichtmëttel oder Alueleger un. Dacks leien d‘Quantitéite wäit iwwer deem, wat a ländleche Privatstéit üblech ass.

Falls et hei Froen oder Problemer gëtt, kënne sech och landwirtschaftlech Betriber un d‘SuperDrecksKëscht® wennen. D’ SuperDrecksKëscht® fir Betriber ass e gratis Service vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce). Am Virdergrond steet ëmmer déi gratis Berodung. D‘Offallentsuergung geschitt an der Regel weider iwwer déi bestoend Strukturen. An Extrafäll z.B. bei problemateschen Offäll wéi Alueleger steet d‘SuperDrecksKëscht® och als Entsuerger zur Verfügung.

Wat bitt d‘SuperDrecksKëscht® fir Betriber der Landwirtschaft:

  • Berodung, Informatioun a Weiderbildung z.B. an Zesummenaarbecht mam Maschinenring an der ASTA
  • Vermeidung a Verwäertung, Organisatioun vun der Agrarfoliesammlung an Zesummenaarbecht mat der ASTA an dem Maschinenring
  • Tipps fir d‘ökologesch Behandlung a Lagerung vun Offäll
  • Dokumentatioun an Zertifizéierung
  • Ëffentlechkeetsaarbecht fir Labelbetriber