Dir wëllt gären qualitatiivt an héichwäertegt Geméis kafen ? D’Konsuméieren vun lokalen Friichten an Geméis ass wichteg fir Iech ?

ProActif erméiglecht Iech all Dag ob en néits frësch Produkter vun eisem eegenen Bioubbau ze genéissen.

Den Goût vun frëschen Produkter steet fir Iech un éischter Platz ? Dann kommt an entdeckt eis saisonal Friichten an Geméis an eisem Shop oder iwwert Eisen Internetsite. Eis Produkter stinn prett zur Consommatioun, vun eis gewäsch an verpak.

Eis Offer variéiert am Laf vun der Saison.

Mir sinn iwwerzeegt vun der Qualitéit an dem Goût vun eisen Produkter. Dowéinst beliwweren mir och eis eegen Kichen mat eiser eegener Produktioun.

Dësen Qualitéitsniveau steet am Mëttelpunkt vun eiser alldeeglecher Preoccupatioun. Mir tätegen reegelméisseg Kontrollen fir Iech dëst kënnen ze garantéieren.

Zéckt net an ënnerstëtzt en lokalen Produzent aus Ärem Ëmkrees. Gären kënnt Dir eis an eisem Geschäft besichen kommen deen sech zu Contern befënnt.