Trakter Power aus den 60er, 70er, 80er an 90er Joren

Den 7. Januar 2012 ass d’Old School Farmers A.S.B.L vun enger Grupp leidenschaftlecher Begeeschterter vun landwirtschaftlecher Technik gegrënnt ginn. Den Veräin huet sech als Ziel geholl, bestëmmten Momenter an der landwirtschaftlecher Geschicht festzehalen. Landwirtschaftlech Trakteren an Maschinnen aus den Baujoren 1965 – 1995 sollen erhal, ausgestallt an virgefouert ginn.

Als Initiator an President, huet den Gilles Heinen sech dunn dofir agesat, dass den September 2012 dat éischt Schlütertreffen zu Lëtzebuerg organiséiert gouf. Am September 2012 stoung Huewel ganz ënnert dem Motto “Old School Farming”. Op ronn 12 ha huet den Club d’Virféierung vun Schlütertrakteren mat ënnerschiddlechen landwirtschaftlechen Maschinnen organiséiert. Vun der Maisernt bis hin zu der Buedembeaarbechtung war alles dobäi. Ronn 800 Spectateuren hunn sech mat un der aler Technik erfreet.

Wéinst dem groussen Erfolleg vum dësem Treffen an well soss keen Veräin zu Lëtzebuerg sech op d’Thema “Youngtimer” am landwirtschaftlechen an industriellen Beräich konzentréiert, kennt de Club säithier een groussen Zoulaf vun begeeschterten Memberen vun Trakteren, Camionen, Forstmaschinen awer och Baumaschinnen a Baggeren, déi esou hiert Hobby auszeliewen.

Säit der Grënnung 2012, huet de Club nach 2 weider Trakterstreffen ënnert dem Motto “Old School Farming” organiséiert, dat jeeweils 2017 an 2019 zu Héiweng.

Donieft bedeelegen sech d’Old School Farmers aktiv un der Organisatioun vun Trakterstreffen oder Ausstellungen bei folgenden Evenementer:

  • Plouconcours vun der Landjugend Süden
  • Autojumble an der Luxexpo
  • Foire Agricole zu Ettelbréck
  • Waarkener Kiirmes vun der Waarkener Jeekelen
  • Trakterstreffen vum Mich Ries zu Brouch
  • Dag um Bauerenhaff
  • …..

Dëst Joer steet d’Foire Agricole bei den Old School Farmers dann ganz am Zeechen vum Grasschnatt, och virtuell.