FRU- dat sen Jus´en an Wäiner déi einfach sollen Freed maachen. Ob Dir am Hierscht mat Äeren Äppel bei eis an d´Vizerei zu Ohn kommt oder iwwert d´Joer bäi eis bestellt…vun FRU kritt Dir emmer natiirlech Jus´en aus Drauwen, Äppel oder Quidden; ouni kenschtlech Zousätz.

FRU| Wäiner bréngen déi fantastesch Vielfalt vun den Biedem laanscht d´Musel an suguer un der Sauer an d´Glas. Déi typesch Riewsorten wéi den Riesling, den Pinot Noir oder natiierlech den Auxerrois gin mol mineralesch, mol méi fruuchteg ausgebaut. Wen wellt en Androck vun der Panoplie vum jonken Wäinbaubetrieb kréien, kann sech einfach fir eng Degustatioun unmellen oder sech eng Virwetzkescht heem liwweren looßen.

D‘Tudorsgeeschter knäppen un déi laang Traditioun vun den Distillerien zu Lëtzebuerg, besonnesch zu Rouspert, un. Déi ursprünglech Bongerten – mat villen, deels a Vergiessenheet gerodenen Uebstsorten schenken eis eng herrlech schéi Landschaft an eng wonnerbar Grondlag fir Drëppen a Likören. Mat Hëllef vum faszinéierenden Handwierk vun der Brennerei – ouni kënschtlech Zousätz mee mat vill Gedold a Gefill – entstinn aus de Quetschen, Äppel, Mirabellen oder Neelchesbieren déi fein Tudorsgeeschter-Drëpsen. Dës Passioun kann ee bei enger Visitt kucke kommen, an engem Cours suguer selwer ausprobéieren oder einfach an engem Cocktail oder als Digestif genéißen.