25 Joer Bauereninitiative

Natur puer vun der Our

Viru 25 Joer gouf d’Bauereninitiative fir d’Éislek an den Naturpark Ourdall, kuerz BEO, gegrënnt.

Hir Ziler waren a sinn:

  • D’Vertrieden an d’Verdeedege vun de Bauereninteressen am Naturpark Ourdall
  • D’Verbessere vum Image vum Bauerestand
  • D’Verbessere vum Akommes duerch d’Schafe vu regionale Produkter
  • Grënnung vu klenge Genossenschaften

Haut hu mir 4 Genossenschaften déi regional Produkter produzéieren a vermaarten:

Beola – Ueliggenossenschaft Éisleck an Naturpark Ourdall

War déi éischt Genossenschaft déi an deem Kader 1997 gegrënnt gouf.

      

Si produzéiert 5 kal gepressten Ueleger aus Raps-, Sonneblummen-, Läin-, Hanf-, a Mohnkären. Ganz beléift sinn och hir 6 verschidden Zorten Wëllkarnuddelen wouvun eng glutefräi ass, sou wéi elo 10 ganz nei verschidden Zorte glutefräi Kären a Miel.

Kontakt: beola@beo.lu

Ourdaller

Ass eng Société Coopérative déi 1999 gegrënnt gouf.

Si produzéiert den Ourdaller Moschtert mat 6 verschiddene Goûten, natierlech aus eegene Kären a mat Ourdaller Hunneg geséisst.

D’ Ourdaller S.C. ass doriwwer eraus och verantwortlech fir d’Vermaartung a Verdeelung vun allen Ourdaller Produkter

Kontakt: cohaff@pt.lu

Ourdaller Hunneggemeinschaft

Gouf 2009 gegrënnt an enger flotter Zesummenaarbecht tëschent de Beieleit aus dem Cliärrwer Kanton an den Ourdaller Baueren.

Si bitt eng Plattform fir déi regional Imker, déi sou hiren qualitativ héichwäertegen Hunneg kënnen ënnert enger gemeinsamer Mark an dem Lëtzebuerger Handel ubidden.

Kontakt: schankl@pt.lu

Cannad’Our

2013 gouf d’Cannad’Our S.à r.l. gegrënnt mam Schwéierpunkt op Veraarbechtung a Vermaartung vun Hanfbléien.

Hir 4 verschidden Hanftéivariatiounen, souwéi eng grouss Gamme vun Hanfextrakter fir Mënsch an Déier sinn bis wäit iwwert d’Grenzen eraus geschätzt.

Kontakt: eilenben@pt.lu